✕
Kontrol edilmesi talep edildi
Orijinal şarkı sözleri
1 kez çevrildi
Ech si Lëtzebuerg sözleri
1
Ech si mat Muskelschwund de Georges Christen
De Girardelli am Plou op Ufängerpisten
De Bommeleeër an och säi Riichter
Ech sinn den Thierry awer anonym an niichter
Ech sinn de Frieden als grousse Künstler
Den André Hoffmann als Member am Cercle Münster
Ech sinn am Te Deum an hu kee Kleed un
Ech sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse déi sech gescheet hunn
Ech sinn de Bëttel dee glat keng Sau kennt
Ech sinn de Mittal deen ënnert der rouder Bréck pennt
Ech sinn de Fränk an ech hu kee Brudder
D'Lea Linster a kache fir Kackmaschinne Fudder
REF
Ech sinn alles, an ech sinn näischt
D’Madeléin déi laacht, de Klon dee kräischt
Et gëtt däi Lëtzebuerg, an et gëtt mäint
Looss et gutt sinn, jidderengem säint
2
Ech sinn den Dillenbourg mat Hoer an der Nues
Ech sinn de Guillaume a méien zu Fëschbech de Wuess
De Vullegast dee sech mol gekämmt hätt
De Juncker dee mam Colombera eng gedämpt hätt
Ech sinn de Bartolomeo deen d'Fëmmen um Mars verbitt
De Strummert deen an eng Villa um Eecherfeld zitt
Ech sinn den Tonnar just am Cercle Bech
Ech si bestued mam Foxefern a mam Colette Flesch
Ech sinn de Jemp Schuster dee just nach fir d’Wort schreift
De Marc Thoma dee sech selwer lo en Nol an de Kapp dreift
Den Hollerech deen an aller Ëffentlechkeet buppt
De Robert Biver deen net an déi eege Promillskontroll knuppt
3
Ech sinn de Bausch an allergesch op Geméis am Gesiicht
Ech sinn de Fausti deen eent an der Bambubar um Buedem biischt
Ech sinn de Rewenig dee Jo an Amen seet
Sinn d'Astrid Lulling wat op eemol kee Lëtzebuergesch versteet
Ech si Christus an ech sinn och Buddha
Ech liewen zu Kanech, zu Kairo an zu Kalkutta
Ech sinn esou an dann och nees anescht
Ech sinn zu Shanghai, Schikago a Schlënnermanescht
Ech sinn de Glawen an och d'Mathematik
Ech sinn d'These an d'Antithese vun all Thematik
Ech si rout wäiss blo giel a schwaarz wéi d’Nuecht
Ech sinn net Lëtzebuerg, ech si Lëtzebuerg
✕
Teşekkür Et! ❤ | ||
7 teşekkür aldı |
Teşekkür Detayları:
Kullancı Adı | 'kadar süre önce teşekkür etti |
---|---|
art_mhz2003 | 3 yıl 2 ay |
Ramadan Al mohamad | 3 yıl 4 ay |
Misafir 5 kez teşekkür etti
Chakayek Nadimi tarafından 2017-07-21 tarihinde eklendi.
asîman tarafından en son 2021-01-27 tarihinde düzenlendi
"Ech si Lëtzebuerg" çevirileri
Serge Tonnar & Legotripp: En İyi 3
1. | Belsch Plaasch |
2. | Ech si Lëtzebuerg |
3. | Mir wëllen iech ons Heemecht weisen |
"Ech si Lëtzebuerg" içeren koleksiyonlar
1. | Songs about the capitals of Europe |
lütfen "Ech si Lëtzebuerg" çevirisine yardım edin
Yorumlar
- Yorum yazmak için giriş yapın veya kayıt olun
Russia is waging a disgraceful war on Ukraine. Ukrayna'nın Yanında Olun!
Lüksemburg: En İyi 7
Tali Pop | |
Rome Folk | |
Camillo Felgen Şarkıcı - Söz yazarı | |
Colette a Fernand Folk, Folk, Folk | |
Serge Tonnar & Legotripp Rock | |
Naomi Ayé | |
Fausti |
somebody may add the video: https://www.youtube.com/watch?v=Mxp8JXwljVk