Russia is waging a disgraceful war on Ukraine.     قف مع أوكرانيا!
يشارك
حجم الخط
كلمات أصلية

كلماتLuxembourgish National Anthem - Ons Heemecht [Voll Versioun]

Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
Duerch d'Fielsen d'Sauer brécht,
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
Den Himmel Wäin ons mécht:
Dat as onst Land, fir dat mir géif
Hei nidden alles won,
Ons Heemechtsland dat mir sou déif
An onsen Hierzer dron.
 
An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soë kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
Wéi as 't sou gutt doheem!
 
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äärd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
A jidder Broschts gedon;
Fir, d'Hemecht ass keng Weis ze schéin;
All Wuert, dat vun er klénkt,
Gräift äis an d' Séil wéi Himmelstéin
An d'A wéi Feier blénkt.
 
O Du do uewen, deen seng Hand
Duerch d'Welt d'Natioune leet,
Behitt Du d'Lëtzebuerger Land
Vru friemem Joch a Leed;
Du hues ons all als Kanner schon
De fräie Geescht jo ginn,
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
Déi mir sou laang gesinn!
 

 

التعليقات