Russia is waging a disgraceful war on Ukraine.     Stai con l'Ucraina!
Condividere
Dimensione del font
Traduzione
Swap languages

Gutt fir dech

[Intro]
Ah
 
[Vers 1]
Ma gutt fir dech, ech huelen un, du bass wierklech séier driwwer ewechkomm
Du hues e neit Meedche fonnt an dat a just puer Wochen
Erënners du dech, wou's du mer sos, du géings mer d'Welt ginn?
(Ah)
A gutt fir dech, ech huelen un, du hues un dir selwer geschafft
An huelen un, de Therapeut, deen ech der fonnt hat, huet wierklech gehollef
Lo kanns du e bessere Mann si fir e fuschneit Meedchen
 
[Refrain]
Ma gutt fir dech, du gesäis frou a gesond aus
Ech sinn et net, wann et dech interesséiere géing
Gutt fir dech, dir geet et immens ouni mech, Baby
Gott, ech wéinscht, ech kéint dat maachen
Ech hu mäi Verstand verluer, meng Nuechte kräischend um Buedzëmmerbuedem verbruecht
Mä dir ass et esou egal, ech verstinn dat wierklech net
Ma mengetwege gutt fir dech
 
[Vers 2]
Ma gutt fir dech, ech huelen un, du kriss Alles, wat's du wëlls
Du hues en neien Auto kaf an deng Karriär hieft wierklech op
Et ass, als wier dat tëscht eis ni geschitt
Baby, wat zum Féck soll dat bedeiten?
A gutt fir dech, et ass, als häss du mech ni begéint
Erënners du dech, wou's du op Gott geschwuer hues, ech wier déi eenzeg Persoun, déi dech jee hätt
Ma schäiss drop a kanns mech mol
Du wäers ni mussen esou Wéi doen, wéi ech et maachen
 
[Refrain]
Ma gutt fir dech, du gesäis frou a gesond aus
Ech sinn et net, wann et dech interesséiere géing
Gutt fir dech, dir geet et immens ouni mech, Baby
Gott, ech wéinscht, ech kéint dat maachen
Ech hu mäi Verstand verluer, meng Nuechte kräischend um Buedzëmmerbuedem verbruecht
Mä dir ass et esou egal, ech verstinn dat wierklech net
Ma mengetwege gutt fir dech
 
[Paus]
Ahhh
Ahhh
 
[Bréck]
Villäicht sinn ech ze emotional
Mä deng Gläichgëltegkeet ass eng Wonn a Salz
Villäicht sinn ech ze emotional
Oder villäicht war et dir ëmmer egal
Villäicht sinn ech ze emotional
Mä deng Gläichgëltegkeet ass eng Wonn a Salz
Villäicht sinn ech ze emotional
Oder villäicht war et dir ëmmer egal
 
[Refrain]
Ma gutt fir dech, du gesäis frou a gesond aus
Ech sinn et net, wann et dech interesséiere géing
Gutt fir dech, dir geet et immens ouni mech, Baby
Wéi e verdammte Soziopath
Ech hu mäi Verstand verluer, meng Nuechte kräischend um Buedzëmmerbuedem verbruecht
Mä dir ass et esou egal, ech verstinn dat wierklech net
Ma mengetwege gutt fir dech
 
[Outro]
Ma gutt fir dech, ech huelen un, du bass wierklech séier driwwer ewechkomm
 
Testi originali

good 4 u

Clicca per vedere il testo originale (Inglese)

Commenti